Beaver

Deelen, deelen, deelen

vun 5 bis 7 Joer

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

Et si jonk Kanner am Alter vu 5-7 Joer, déi sech “um Weier” begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech z’ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

Si liewen an der Beaver Colonie a klenge Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, déi alleguer de Numm vun engem Bam droen.

Si liewen no der Geschicht: d’Frënn aus dem Bësch. An där begéine sech eng Mënschefamill an eng Beaverkolonie a léiere mateneen deelen an erliewen zesumme flott Aventuren am Bësch.