Rover

« Servir »

vun 16 bis 21 Joer

All Scout iwwert 18 Joer ass Rover. Gläichzäiteg kann en och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Rover organiséieren sech an Clan’en. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechten Grupp, déi e Clan forméieren. Clan’e si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hire Programm selwer.

D’Rover kënnen esouwuel hire Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ënnerstëtzen, ewéi och selwer Projet’en op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.

D’Roverbranche mécht d’Transitioun zum Erwuesseginn an ënnerstëtzt di jonk Fraen a Männer an der leschter Phase vun hirer Integratioun an eng Erwuessenegesellschaft. Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.