••• ODYSSEY - Summercamp 2025 •••

Léif Scouten, Explorer, Rover,
Léif Cheffen, Léif Elteren,

Nom
grousse Succès vum Polaris 2022  steet rëm e phänomenale Camp um Programm.
Schreift iech deen fir de JULI 2025 GROUSS an äre Kalenner!!!

FNEL fiert mat DIR 2 Wochen
op dee coolsten Summercamp deens du dir virstellen kanns. Zesummen mat all
dengen Scoutsfrënn an nach zeg honnerte Scoute vun der FNEL geet et op Zeewolde
an Holland. 

Du
bass virwëtzeg, hues Loscht matzegoen, bass der awer nach net 100% sécher op et
eppes fir dëch ass? Da kuck dir folgende Video un:

Hei déi wichtegst Informatiounen am Iwwerbléck :
Wéini :  19. Juli 2025 –  2. August 2025
Wou : Scoutinglandgoed Zeewolde – Holland
Wat erwaart dech : Een Action-räiche Programme mat villen Aktivitéiten am Fräien, ee flotte Campliewen, Hiken duerch déi wonnerschéi Polders, hollännesch Kultur a Frëndschafte fir d’Liewen !
Fir wien :Participanten : Scouten, Explorer & Rover // Staff/Cheffen : Rover & Tembo

Oppassen! D’Scouten mussen den 1. September 2024, 11 Joer al sinn fir matzegoen!
Prais : + – 650€*
(*de genaue Präis an éischten Acompte ginn zu engem spéideren Zäitpunkt annoncéiert)

Mell dech deemno iwwert dëse Link provisoresch u wanns du Interessi hues. Am September starten dann déi definitiv Aschreiwungen.
Dës provisoresch Umeldung ass fir eis eng Richtung ze ginn, fir wéivill Leit mir musse plangen a mir schonn Reservatiounen kënnen tätegen. Alles fir iech déi flottsten Erfarungen kënnen ze bidden.

Trau dech also zesumme mat honnerteen anere Scouten op dës gemeinsam Odyssey!!