••• Pow Wow •••
Léif Beaver, Wëllefcher, Rover an Tembo vun den Loutres,
Mir schreiwen d’Joer 698 : eng nei Stad ass gegrënnt ginn – Epternacencis. Si soll anscheinend ronderëm e schéine Séi, bäi sandege Fielsen an tëscht gréngen Hiwwele leien. Jidderee schwätzt vun der grousser Buerg an de villen neien Awunner, déi schonns dohinner geplënnert sinn. Ob Bauer, Bäcker oder Pater – all zéien se a Richtung vun der neier Stad. Soll déi nei Buerg wierklech esou grouss sin wéi se all soen ?
Samsdes, den 12. am 7. vun de Méint gin anscheined vill daaper Ritter ausgebild. Esou gëtt et kee Grond zur Veronsecherung fir dat grousst Eröffnungsfest vun Epternacencis, den 13. Juli 2025.
Kommt och dir mat feieren op eng Plaz, beschriwwen als Therme vum Mëttelalter wou och d’Réimer schonns geschwomme sinn. Hei gitt dir verfleegt an hutt vläicht esou guer d’Chance d’Prinzessin perséinlech kennenzeléieren. Loosst iech verféieren an eng Mëttelalterstad wéi aus dem Billerbuch an trefft op echt Ritteren, motivéiert Käch, flaïsseg Stallkniechten, schéin Hofdamen a kreativ Gaukler. Aktivitéite gi gebuede fir jonk an aal – loosst iech dat nët entgoen, well all d’Nopeschdierfer sin derbaï!
A vlaïcht gidd dir jo dann och néi Awunner vun Epternacencis ?
Rdv Sonndes den 13. Juli 2025 um 8h00 op der Mierscher Gare
Wat muss ech mathuelen?
E klenge Rucksaack, Foulard, Uniform, dem Wieder uegepasste Kleeder, fest Schung, Gamellesaack mat Gamelle, Kichenduch, Couverten a Becher, grousse Bidon mat Waasser, Sonnecrème, Reenjackett, Kaap, dem Wëllefchen seng 5 Saachen, Souche
15 € sinn op de Gruppekont
CCPL: LU94 1111 2051 4587 0000
Les Loutres Scouten
Mentioun: „Pow Wow 2025, Numm a Virnumm vum Kand“
Retour Sonndes den 13. Juli 2025 18h00
D’Auerzäiten ginn nach ugepasst
