d’Kanner haten dest Joer d’Wiel eng Aktivitéit vun hirer Wiel ze maachen an si hu sech fir Lasergame entscheet. Dofir gi mir den 20.06.2026 op Ettelbréck an de Lasergame. Donieft gi mir zesummen eppes Guddes mëttes iessen an maachen nach e klengt Stadspill.
Den Treffpunkt ass moies um 10:00 Auer op der Gare vu Miersch an mir sinn um 16:00 Auer erëm op där selwechter Plaz zeréck.
D’Kanner kënnen sech gär e klenge Snack an eppes ze drénke mat huelen. Fir d’Stadspill dierfen si och e bëssen Täschgeld mat huelen, falls si sech ënnerwee eppes wëlle kafen. D’Iessen ass awer schonn am Präis mat abegraff. Ausserdeem wier et gutt wann d’Kanner e Rucksak mat Sportkleeder a bequeme Schong dobäi hätten.
D’Umeldung muss bis den 10.06.2026 gemaach ginn an d’Participatiounskäschte vun 20€ mussen op folgende Kont iwwerwise ginn:
Les Loutres LU07 0030 0982 3003 0000 (BGL)
Mentioun: Lasergame + Numm vum Kand
Mir freeën eis op e flotten an actionräichen Dag zesumme mat de Kanner a mir hoffen op vill gutt Laun a Teamgeescht.